Home   Business : Press : Events : Portfolio : Publications : Shop  

 ::Event Calendar

Posted by Jerome Konen on 04/03/12, updated on 13/08/12 Photo
26/09/12SHOW
Abenteuer ISLAND (New Edition)
Eng Live Foto-Film-Reportage iwwer Island mat sengen äisege Gletscheren, waarme Quellen, mächtege Vulkanen an sengem wüstenhaften Héichland. Déi perfekt Plaz fir dat ganz grousst Abenteuer.
De Jérôme Konen weist eenzegaarteg Biller vun der ursprénglecher Landschaft op der Vulkaninsel, awer och vun interessante Leit aus engem Joer Openthalt. Eng grandios Dokumentatioun déi ee muss gesinn hunn.

Dës nei Show ass technesch opwändeg realiséiert, woubéi am Mëttelpunkt déi spektakulär Biller a Filmsequenzen stinn, begleet vun engem spannenden Virtrag - enger Mëschung aus purem Abenteuer, Fakten a Geschichten.

Dauer: 110 min.
Typ: HDAV Beamer Show, 16:9
Sprooch: lëtzebuergesch

Ufank: 19h30

Entrée: 10 EUR (Kanner 5 EUR)

Organisatioun: Kulturkommissioun Briddel-Koplescht

> Link op Google Maps

Location: Salle polyvalente, Bridel, Luxembourg
Book Now

Print versionPrint version


> Event Calendar
      ·
> Subscribe Newsletter

Search

 
Share on Facebook
Top Event

 © 2009-2013 by Jerome Konen. All rights reserved. login : contact : search : disclaimer