Home   Business : Press : Events : Portfolio : Publications  

 ::Event Calendar

Posted by Jerome Konen on 28/03/18, updated on 21/09/18 Photo
21/10/18Event
Visite Kasematte vum Fort Berlaimont a Fort Lambert
Eng historesch spannend Tour op de Spuere vun der Festungszäit an der Stad Lëtzebuerg.
Photo by Jerome Konen
Fort Berlaimont
Gallery >>
Besichtegung zesumme mat den Auteure vum Buch "KASEMATTEN - Auf Spurensuche in der Festungsstadt Luxemburg": Jérôme Konen a Romain Schaus. Weidere Guide vum FFGL ass de Patrick Schaul.

Programm:
- Erklärungen um Terrain zu der Belagerung vun 1684
- Visite duerch d'Kasematte vum Fort Berlaimont
- Gëtt et déi mysteriéis Verbindung aus dem Souterrain an d'Fondation Pescatore wierklech?
- Weider duerch de Park laanscht de Reduit vum Fort Louvigny
- Erklärungen zu dem Fort Lambert
- Visite duerch d'Kasematte vum Fort Lambert

Folgendes sollt dir dobäi hunn:
- Waarm Kleedung
- Fest Schong
- Täscheluucht oder Kappluucht

Ech kann Iech elo schonns verroden: Dës Visite erlaabt Iech d'Festungsstadt Lëtzebuerg nei ze erliewen, wéi dir se bis elo nach net gesinn hutt.

Ufank: 14h30
Dauer: ca. 3 Stonnen
Präis: 6,00 EUR
Umelle w.e.g. well d'Plazen si limitéiert.

Organisatioun: Frënn vun der Festungsgeschicht Lëtzebuerg (FFGL)

Rendezvous: Klénge Rond-point virun der Entrée vun der Fondation Pescatore

> Link op Google Maps

Location: Entrée Fondation Pescatore, Luxembourg, Luxembourg

Register Now!

Print versionPrint version


> Event Calendar
      ·
> Subscribe Newsletter

Search

 
Top Event

 © 2009-2018 by Jerome Konen. All rights reserved. login : contact : search : disclaimer