|
JKP Mailing 2026-1
| |
 |
 |
Webshop – Start vun enger neier Rubrik Bicher
|
 |
Heimat präsentéieren ech Iech dat éischt Buch a mengem Webshop dat net ënner menger eegener Editioun eraus komm ass, a wou ech och net Auteur oder Herausgeber sinn, mee wou ech awer d'Produktioun, de Layout an den Design vum Buchcover als Optragsaarbecht gemaach hunn.
Et geet ëm de Ferdinand Hertges (1897-1977), Pater an der Missiounsschoul zu Clairefontaine, deen am August 1943 an der däitsch besate Belsch an d'Fäng vun der NS-Justiz geroden ass. Seng Odyssee duerch d'Prisongen zu Arel, Bréissel, Beverloo, Oochen an Hagen huet hien a sengen "Erënnerungen" a Form vun engem Manuskript aus aacht Hefter festgehalen.
De Jean-Louis Scheffen, bekannten Auteur aus menge Bicher KASEMATTEN a BERGWERKE ass d'Geschicht op eng journalistesch Aart a Weis ugaangen an huet dëst Tagebuch mat sengen eegene Recherchen um Terrain komplettéiert.
D'Entsteeung vun dësem Buch huet soumat eng ganz ongewéinlech Geschicht, méi genau nach ze entdecken am Virwuert, dat dir hei drënner iwwert de Link "Bléck an d'Buch" kënnt duerchliesen.
|
 |
E Bléck hannert d'Kulisse vun der Produktioun...
An dëser Rubrik gëtt et, wéi ëmmer, e Bléck hannert d'Kulissen, dës Kéier iwwert déi dach ganz speziell Produktioun vun dësem Buch, wou KI-Tools eng enorm Zäiterspuernës bruecht hunn.
Donieft erlaabt den digitalen Drock kleng Oplage souwéi och schnell kënnen nozedrécken. Dee wichtegste Virdeel ass awer, dat een am Virfeld als Proof dat komplett Buch als Testausgab ka maache loossen, wéi op de Biller an dësem Mail ze gesinn.
|
|
 |
| Et huet sech erausgestallt dat KI och ganz gutt doran ass fir Texter ze rekonstruéieren. An dësem Fall war dat ganz wichteg, well dat ofgetippte Manuskript, wat mir als Virlag haten, deelweis bei der Texterkennung extrem schlecht liesbar war. |
|
 |
| Och fir Gesiichter op ale Fotoen erëm hierzestellen huet dat mat engem spezielle Programm och nawell ganz gutt funktionéiert. Wichteg dobäi ass awer ëmmer dat den Effekt net iwwerdriwwen erausstécht. Éischter manner wéi ze vill ass dobäi ugesot! |
|
|
 |
|
ERINNERUNGEN AUS SCHWERER ZEIT - Ein Priester in den Fängen der NS-Justiz
Mat dem Bléck aus enger anerer Perspektiv, loossen dës laang a Vergiessenheet geroden Erënnerunge vum Pater Hertges déi leedvoll Zäit nees opliewen.
Ab Mëtt Mäerz liwwerbar!
|
|
|
Hiweis: Dëst ass keen Newsletter, mee just e Mailing an HTML-Form.
Iwwert e Feedback géif ech mech freeën!
Fotoen: © Jérôme Konen
JEROME KONEN PRODUCTIONS
Consulting & Media Production
jerome@konen.lu –
View as a Web Page – Unsubscribe
|
| |
|